Laf 2021 ofgesot

Leider musse mir och dëst Joer de Laf wéinst der sanitärer Kris ofsoen.

Mir wäerten, esou wéi d'lescht Joer, nees eng virtuell Editioun organiséieren. 

Detailer dozou komme Mëtt Mee no.

Laf 2021

Déi nächst Editioun vum Widdebierglaf ass den  26. Juni 2021

Virtuelle Laf 2020

Well de Widdebierglaf dëst Joer net konnt stattfannen, gouf kuerzerhand e virtuellen Laf organiséiert. Jiddereen konnt während engem Mount de Parcours oflafen an eng Foto vu senger Performance un d'Organisateuren schécken.

169 Leeferinnen a Leefer haten dobäi matgemaach a fir all Laf hu mir en Don vun 8€ gemaach.

Ausserdeem huet de „Café am Duerf vu Menster“ sech bereet erkläert säi Sponsoring vun dësem Joer integral ze spenden.

Sou sinn 1500€ zesumme komm, déi mir un d'Associatioun Digital Inclusion konnten iwwerreechen.

E grousse Merci un all Leeferin a Leefer souwéi un de Café am Duerf vu Menster.

Virtuelle Widdebierglaf 2020

Maach mat beim virtuelle Widdebierglaf! Du hues d’Méiglechkeet tëschent dem 27. Mee an dem 27. Juni 2020 d’10km Course vum Widdebierglaf ze lafen an eng Foto vun denger Performance op der Facebook-Säit vum Widdebierglaf ze posten oder se per Mail op This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. ze schécken. Benotz dofir eng Applicatioun (z.B. Strava, Runtastic, Runkeeper, Nike +,....) oder eng Smart Watch bspw.

 

Fir all realiséierte Laf spenden d’Widdebiergfrënn 8€ un d’asbl Digital Inclusion (www.digital-inclusion.lu).

 

De Parcours vum Laf ass gezeechent, Start ass zu Menster an der rue de l’Eglise, beim Panneau wou och d’Wanderwéer vun der Betzder Gemeng lass ginn.

 

Laf 2020 ofgesot

Laf 2020

Déi nächst Editioun vum Widdebierglaf ass den  27. Juni 2020

Chèque Iwwerreechung 2019

De Widdebierglaf 2019 war e groussen Erfolleg.

Mir si frouh der Fondatioun EPI e Chèque vun 5.660 Euro iwwerreecht ze hunn.

 

Newsletter

2023 ënnerstëtzt duerch:

Haaptsponsor

   

 Gold-Sponsoren

  

   

Silver-Sponsoren

Bronze-Sponsoren