Institut St. Joseph vu Betzder

Mir si frouh dem Institut St. Joseph Betzdorf e Chèque vu 4.000 Euro iwwerrecht ze hunn.

 

Am Institut St. Joseph Betzdorf liewen haut ronn 120 Kanner, Jugendlecher an Erwuessener mat Behënnerung. 16 Wunngruppen erméiglechen en familljennot a perséinlecht Liewensëmfeld. An 2 Wunngruppen, „Charlie-Chaplin“ zu Esch/Alzette an am Haus „Op de Wolleken“ zu Niederanven, liewen d’Bewunner an Eefamilljenhaiser a gréisstméiglecher Selbstännegkeet. An der Wunngemeinschaft „Um Juck“ trainéieren fënnef Bewunner déi ënnerschiddlech al sinn an an de WunngruppColumbus“ fënnef jonkErwuessener fir onofhängeg ze liewen.

 D’Haus bitt de Bewunner an och hirer Famill an de Mataarbechter eng Berodung an Hëllef duerch verschidden Déngschter am sozialen, pädagogeschen, psychologeschen, therapeuteschen a medizinesche Beräich.

 D’Aarbechtsplazen am Atelier vun der YolandeCoop, therapeutesch Offeren an Dagesaktivitéiten erméiglechen individuell a sënnvoll Beschäftegungen an engem zweete Liewensraum. Am Kader vun enger musikalescher Fräizäitoffer ass den Orchester TakaTuka entstanen. Mat engem Programm aus Jazz- a Worldmusic trëtt den Ensemble regelméisseg zu Lëtzebuerg an am noen Ausland op an huet och schonn e gewëssen Bekanntheetsgrad erreecht.

Dagesstätteplazen fir extern Benotzer sti vu Mäerz 2008 un zur Verfügung. Ausserdeem soll den Elteren vun de behënnerte Kanner d’Méiglechkeet gi ginn, fir op der Plaz sämtlech Experten am medizineschen, pädagogeschen, pflegeteschneschen a sozio-psychologeschen Beräich ze konsultéieren a vun den offréierten Infrastrukturen ze profitéieren.

Um Rez-de-chaussée vum „Foyer Jeanne“ ass dee Beräich, wou d’Leit op e Beruff virbereet ginn (CPP). Hei vermëttelen pädagogesch an handwierklech Experten bis zu 16 Schüler a jonken Erwuessenen mat Problemer an der Entwecklung schoulesch, liewenspraktesch a beruffsrelevant Kompetenzen. No enger 3 Joer laanger Ausbildung ass d’Integratioun an en Atelier protégé virgesinn. Ënner anerem erméiglecht den Heemelzoo vum Institut St. Joseph deene Jugendlechen a jonken Erwuessenen Erfahrung ze sammelen fir spéider Aufgaben als Déierefleeger. Den Zoo mat 2 Ieselen, 2 Geessen, 2 Schof an e puer Mierschwéngercher ass 3 mol d’Woch fir Besich op.

Den Institut St. Joseph Betzdorf ass en Haus vun der elisabeth - am sozialen Déngscht zu lëtzebuerg.

Internetadress: www.elisabeth.lu